Startseite | Site Map | Impressum | Contact us | Links | Support us - we need your help

Service Bibliothekärstudium

Eise Service Bibliothekärstudium

Virbedingungen:

  • Dir musst um Bibliothekärstudium wiirklech interesséiert sinn.

  • Dir musst en Informatiounsgespréich mat eis hannert Iech hunn.


D ALBAD bitt jidferengem, deen un engem Bibliothekärstudium interesséiert ass, eng Rei Servicer un, fir dass och vun Ufank un alles klappt. Dat Ganzt ass gratis an onverbëndlech (et muss ee kee Member sinn):

  • Visite guidée mat engem lëtzebuergeschen Diplom-Bibliothekär/Ex-Schüler vun enger vun de folgende Bibliothekärschoulen (den Transport gëtt vum Veräin offréiert):

- Fachhochschule Köln

- Haute Ecole de la Provine de Liège (anc.: Haute Ecole Léon-Eli Troclet)

- Haute Ecole Paul-Henri Spaak Bruxelles (IESSID)

  • Vill Informatiounsmaterial

  • Hëllef bei der Sich no méi Studieninformatiounen, Kontaktadressen, etc.

  • Hëllef bei der Orientéierung an der respektiver Studienstad.

  • Vermëttelung vun eemolege Studenten, déi ee berode kënnen.

  • Service «après-inscription»: Hëllef während Ärem Studium (Stage, Thema fir d'Diplom-/Bachelorarbecht, ...).



Frot oder kontaktéiert eis:


ALBAD Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten

Nationalbibliothéik Lëtzebuerg (niewent der Kathedral)

37, Boulevard Roosevelt

L-2450 Luxembourg

Tel.: 22 97 55-1 (Zentral)

www.albad.lu

 

Wichteg: Dat Ganzt ass onverbindlech! Där kënnt Iech zu all Zäit fir en anert Studium entscheeden. Dir bräucht nët (wären awer frou, wann) Member vun eisem Veräin ze sinn oder ze ginn.

  ® Copyright Romain REINARD