Startseite | Site Map | Impressum | Contact us | Links | Support us - we need your help

Become a librarian


 

Other careers with librarian qualifications ...

 

 

A part la bibliothèque, avec toutes ses différentes catégories, la qualification de bibliothécaire donne aussi accès aux emplois dans le domaine des Non-Book-Materials (NBM), p.ex. dans les départements de bibliothèques ou institutions autonomes suivants:

 

- médiathèque, cinémathèque, dvdthèque, vidéothèque, phonothèque, discothèque, magnétothèque, cassettothèque, photothèque (documents audiovisuels)

- téléthèque (émissions de télévision)

- audiothèque (lecture orale)

- ludothèque (jeux) et joujouthèque (jouets)

- logithèque (logiciels)

- cartothèque (cartes géographiques, plans)

- diathèque, diapothèque (diapositives et images numériques

- iconothèque (images, représentations figurées)

- microthèque (microfiches, microfilms)

- pinacothèque, artothèque (peintures)

- ...

 

(Dictionnaire Dandenault de la langue française: Collections)

Foire Aux Questions fir Bibliothekär

Wat ass kuurz gesot den Ënnerscheed zwëschen deenen 3 Beruffer: Bibliothekär, Archivist an Dokumentalist?

Den Dokumentalist schafft éischter am private Secteur. Hee beschaaft a vermëttelt Informatiounen am Optrag vu Firmen oder Privatleit, meeschtens géint Suen. Hee kennt sëch daks an engem eenzege Fachgebitt gutt äus a ka gutt mat "neie Medien" ëmgoen.

Den Archivist schafft fir d'Éiwegkeet. Hee muss fir déi beschten Erhalungskonditiounen suergen - a staatlechen oder privaten Archiven. Heen huet haaptsächlech mat alen Dokumenter oder Akten ze dinn.

De Bibliothekär ass fir jidfereen do. Vun de Kanner bis zu den ale Leit. Heen hält déi verschiddenst Zorten Bibliothéiken (Gemengen-, Universitéits-, Schoul-, Privat- a Spezialbibliothéiken, etc.) mat all hiren Aktivitéiten um Lafen.

Wat muss een dann do studéieren? / Wéi gesäit dat Studium äus?

D'Haaptfächer am Bibliothekärstudium op der ganzer Welt sinn: de Catalogage (no internationale Regelen säit 1961), d'Indexatioun (Schlagwierder verginn), d'Bibliothéiksadministratioun, de Bibliographie- an Informatiounsdingscht (Wéi ginn ech am beschte vir, fir dem Client esou séier ewéi méiglech déi beschten Informatiounen ze fannen) a d'Bibliothéikstrukturen. Da kommen nach kleng Fächer dobäi, ewéi Bibliothéiksdroit, -geschicht, -statistik, -soziologie, -psychologie, etc. Optiounen däerf een sëch äuswielen.

Ass ët e schwéiert / en interessant Studium?

De Studium u sëch ass generell gesinn relativ drëschen. D'Stagen sinn dat flottst. Mä ët geet drëm wat een herno dräus mëcht, a wéi enger Zort vu Bibliothéik ee schafft a wéi een do séng Aarbescht organiséiert. D'Studium ass eng Basis - dorop baut herno jidfereen dat op, wat ëm gefält.

Muss ee vill liese kënnen?

Theoretesch muss ee keen ee Buch gelies hunn fir Bibliothekär ze ginn. Vu Notzen kann ët awer ëmmer sinn. D'Aufgaben si (säit ca. 1970) ganz anerer ginn. E Bibliothekär ass nët een, deen de ganzen Dag liest. Dat gëtt ët nët. Dofir gëtt een nët bezuelt. A sénger Fräizäit kann een awer esou vill liesen ewéi ee wëll. Vun der Quell ass een duerch säi Beruff jo glécklecherweis nët wäit ewech.

Wat mëcht een dann do de ganzen Dag an enger Bibliothéik?

Vill Recherchen a Verwaltungsaarbescht, mä och Äustellungen organiséieren, Auteuren invitéieren, de Kanner Geschichte virliesen a soss Aktivitéiten. De Kontakt mat de Leit ass nawell och wichteg.

Ginn ët vill Aarbeschtsplazen?

Am Moment (säit Enn 1990er Joeren) ginn an der Moyenne 3 Plazen pro Joer äusgeschriwwen an ët kënnt awer nëmmen all Joer 1 Bibliothekär fäerdeg vun der Schoul.

Wat verdingt een dann?

Bei Staat a Gemeng: Esou vill ewéi e Schoulmeeschter. De Privatsekteur mëcht séng eege Peien.

Wéi eng Studien sinn unerkannt (Land?)

3 Joer (BA-Bachelor) an der Belsch oder an Däitschland si garantéiert unerkannt. Op BAC+3 kënnt ët un.

Wéi eng Schoul ass am nootsten?

Vun den "unerkannte" Schoulen sinn am nooststen: Bréissel, Lék (Liège), Köln a Stuttgart.

Wat muss ech dann hunn, fir dat kënnen ze studéieren?

Eng Première oder e Bac technique geet opjidferfall ëmmer duer. Méi komplizéiert gëtt ët, wann ee virdrun mat der Schoul ophält. Haaptsaach ët kritt een eng staatlech unerkannt Berechtegung fir déi spezifesch Schoul.

Ass dee Studium deier?

D'Studiengebühren kaschten ca 200€ d'Joer an der Belsch oder ca. 630€ d'Semester (=½Joer) an Däitschland.

  ® Copyright Romain REINARD