Startseite | Site Map | Impressum | Contact us | Links | Support us - we need your help

ALBAD

 
Léif Leit,

 

d'ALBAD, d'Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten ass e Beruffsverband, fir Jonk an Al, dee gläich seng 25 Joer feiert, deen eist Land och an internationalen Federatioune representéiert, dorënner virun allem op europäeschem Niveau.

 

Als Professioneller beroden mär Schüler a Studenten, an awer och Institutiounen, virun allem Bibliothéiken beim Opbau.

 

Mär publizéieren all 5 Joer e Guide vun de Lëtzebuerger Bibliothéiken, fir den aktuellen Zoustand vun eisem Bibliothéikswiesen ze weisen.

 

Mär engagéieren eis fir déi richteg Unerkennung vun eisen Diplomer.

 

An a punkto Politik setze mär eis fir eng Verbesserung vum Lëtzebuerger Buchwiesen allgemeng an doduerch fir eng besser demokratesch Gesellschaft. Mär schaffen dofir enk mat anere Buchakteuren zu Lëtzebuerg zesummen.

 

Wann Dir eis moralesch a finanziell ënnerstëtze wéilt, da zéckt net, fir Member vun der ALBAD ze ginn. Mär sinn op fir jiddereen, deen am Bibliothéiks-, Archiv- an Dokumentatiounswiese schafft oder soss Sympathisanten, déi eis Meenungen an Iwwerzeegungen deelen.

 

Mat engem léiwe Bonjour

 

Jean-Marie Reding

ALBAD-President

säit 2003

 

  ® Copyright Romain REINARD