 |

Léif ALBAD-Memberen ,
Där kennt déi 3 Sailen vun der IFLA: Gesellschaft, Beruff a Memberen. Dat sinn also Lobbying, Professionell Weiderbildung a sozial Aktivitéiten fir d'Memberen. Eise Veräin huet keng Fongen fir Profiën äus dem Äusland afléien ze loossen. Dat heescht, datt mer Weiderbildung nët kënnen ubidden. Bei den sozialen Aktivitéite fir d'Memberen hu mer de Probleem, ewéi och bei der Weiderbildung, datt - e.a. wéinst de villen One-person-libraries - nët genuch Leit deelhuele kënnen. Finalement bleift nëmmen nach Lobbying iwwreg. Ët kascht eis näicht, äusser e bëssche geechteg Arbescht, a bréngt immens vill. Säit 2003 hu mer eis dorop spezialiséiert - a vill Succès gehat! Mär wënschen eis, datt Dir eis Associatioun dofir weider mat Äre Cotisatiounen ënnerstëtzt.
J-M Reding ALBAD-Präsident säit 25.03.2003
|
 |